Vakanzenjob 2026

D’Gemeng Buurschent stellt Studenten an der Summervakanz 2026 an.

Du kriss en Abléck an de Fonctionnement vun engem vu folgende Servicer:

  • Atelier: Gaardenaarbechten, Moleraarbechten, Botzaarbechten
  • Administratioun: Verwaltungsaarbechten, Archivage

 

Schéck eis deng Kandidatur bis spéitstens den 24. Abrëll 2026 eran.

 

Konditiounen:

  • Alter: 16 oder méi al (bäi Aarbechtsufank)
  • Wunnuert: Gemeng Buurschent
  • Fonctioun: Schüler oder Student

Schéck eis bei der Demande follgend Détailer an Dokumenter mat eran:

  • Gëff un, wéi eng Periode dats du schaffe kanns kommen (minimum 3 Wochen)
  • Averständniserklärung vun den Elteren (wann mannerjäreg),
  • Certificat de scolarité

 

Deng Pai:

index 968,04 (01.05.2025)
AlterPai (€)
vubisam Mountpro Stonn
182.162,9912,5028
17181.730,3910,0022
16171.622,249,3771

D’Aarbechtszäit ass 40h Woch an 8 Stonnen den Dag.

Bei ze villen Kandidaturen entscheet d’Lous ween eng Aarbecht kritt!

Onvollstänneg Demanden ginn ignoréiert!

 

De Schäfferot

 

 

 

 

Dernière modification le 06.02.2026

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal